Sélectionner une page

Frequently Asked Questions

Hei fennt een eis Dachs Gestallte Froen.

Voici notre foire aux questions les plus fréquentes.

Wei ass den Event Organiséiert?

a. Eng Exploratioun a Südnorwegen:

Wärend den éischte fënnef Deeg wäerten d’Participanten e selbstgewielten « Path » op Plazen wéi Oslo, Bergen, Trondheim an Aalesund entdecken. Eis Lëtzebuergesdch Patrullen wäerte mat Patrullen aus anere Länner bäitrieden fir hire gewielte Wee ofzeschléissen, mat dem support vun den International Service Team (IST) an den Norweegesch Scout Gruppen.

Ee vun den Highlights vum Roverway ass d’Geleeënheet fir jonk Leit hir Erfahrung wierklech ze gestalten – an d’Weeër wäerte fir vill verschiddenes op sech hun.

b. Een Zentrale Camp (Jamboree-style) bei der Stavanger Regioun:

All d’Patrullen kommen duerno zesummen op de grousse Camp bei Stavanger. Stavanger gëtt dacks « The gateaway to the Fjords » genannt, a seng Plaz op der Westküst gëtt et Zougang zu e puer vun den ikonesche Landschaften vun Norwegen.

De Camp ass eng Chance fir Geschichten aus hire « Paths » ze deelen an un engem Aktivitéitsprogramm mat jonke Leit aus ganz Europa an doriwwer eraus deelzehuelen.

c. En Aftercamp mam Lëtzebuerger Contingent:

Detailler fënns du op der Saït « DOCUMENTS », an eisen Newslettern an och an eiser präsentatioun vun der Infoversammlung.

Wéi funktionéiert d’Umeldung?

a. Ech wëll als Participant matgoen:

Dir kënnt de Roverway als Participant matmachen, wann Dir tëscht 16 an 22 Joer fir de start vum Evenement sidd. Dat ass, wann Dir tëscht 1. August 2001 an 22. Juli 2008 gebuer sidd.

b. Ech wëll als IST matgoen:

Erwuessene Fräiwëlleger am Alter vun 23+ (also viru 1. August 2001 gebuer) bilden den International Service Team (IST), a wäerten d’Organisateuren vum Roverway ënnerstëtzen beim Liwweren vum Event a vill verschidden Beraïcher z.bsp.:

Och wann Dir als IST deelhëllt, kënnt Dir d’aussergewéinlech Natur vun Norwegen entdecken an Erënnerunge vir d’Liewen maachen zesummen mat internationale Frënn. Dir häerzlech wëllkomm iech als IST unzemellen.

c. Käschten fir d'Umeldung:

Detailler dozou fënns du op der Saït « DOCUMENTS », an eisen leschten Newsletteren.

d. Délais fir d'Umeldung:

Déi Définitiv Umeldungen laafen vum 1. Juli bis den 1. November 2023.
Detailler fënns du op der Saït « DOCUMENTS » an eisen leschten Newsletteren.

Rover Representative?

a. Wat ass dat RoverRep ze sinn:

E Rover Representative (kuerz RoverRep), ass e Vertrieder vun de Participanten vu sengem Contingent fir de Roverway 2024. An engem Roverway ass e grousse Fokus op « Co-Construction ». D’Idee ass dass déi verschidden RoverReps zesumme den Roverway matgestalten, andeems se hir Meenungen an Ideen un d’Organisateuren gi. Dei Participants déi Vertrieder si vun hirem Contingent hu esou d’Méiglechkeet, d’Organisatioun vum Roverway 2024 an och vun hirem Contingent vu méi no ze kucken.

Wa se mat Virbereedungsaktivitéiten a Verantwortung involvéiert sinn, kënne se hir organisatoresch Fäegkeeten entwéckelen, hiren internationale Netzwierk erweideren an de Wäert vun der Jugendpartizipatioun entdecken. Si kënnen dem CMT hëllefen andeems se hir Meenungen iwwer verschidde Saachen deelen, wéi zum Beispill de Programm an d’Promotioun vum Event, aus der Perspektiv vun engem Rover.

Zousätzlech kënne d’RoverReps en méi direkten an effektive Wee sinn fir mat den anere Participanten ze kommunizéieren.
Fir se komplett an de Prozess vun der « co-construction » anzebannen an hinnen e breeden Iwwerbléck iwwer d’Organisatioun vum Roverway 2024 ze ginn, kënnen d’RoverReps eventuell och op d’CMT Reunioune invitéiert ginn.

Et gëtt erwaart dass den RoverRep, als Vertrieder vun senge Rover, gutt kommunizéieren kann (wichteg ass gudden Kenntnis vum Engleschen!) a genuch Disponibilitéit huet fir déi Roll ze maachen. Zum Beispill ginn spezifesch Versammlungen/Weekender am viraus fir RoverReps ugebueden, an och dem RoverRep säi Programm gëtt adaptéiert wärend dem zentrale Camp.

b. Firwat brauch de Contingent e RoverRep:
  • Fir méi enkem kontakt mam CMT a respektiv Verbänn (FNEL/LGS) ze hun. 
  • Fir perspektiven ze kréien vum Participanten iwwer d’Organisatioun a Programm.
  • Fir frësch a nei Iddien aus dëser Zil Altersgrupp ze hun.
c. Firwat brauch de Roverway RoverReps:

Virdeeler fir d’Organisatioun vum Roverway 2024 si ganz vill, hei e puer dovunner:

  • Perspektiven an Input vun de Participanten zu der Organisatioun a Programm vun enger multikultureller Zilgrupp kréien.
  • Qualitéitskontroll ze hun zum Inhalt vun Roverway 2024 direkt vun de Rover selwer.
  • Eng Chance fir d’Participanten méi z’involvéieren.
d. Firwat solls du RoverRep gin:

Virdeeler fir RoverRep ze sin:

  • Eng méi breet Iwwersiicht iwwer d’Organisatioun vun engem groussen internationalen Event ze kréien.
  • Entwéckelen vun är eege organisatoresch Fäegkeeten (z.bsp. Soft Skills)
  • Erweidert ären internationale Netzwierk
  • Entdeckt de Wäert vun är eegener Stëmm, an der Stëmm vun der Jugend am Allgemengen – eng Stëmm vun der Zukunft ze sinn.
  • Bréngt nei Erfarunge zréck an äre Verband, Grupp a Patrull.
  • Einfach gesoot: matschwëtzen an matgestalten!

Du bass interesséiert? Mell dech bei eis!